Eis Déngschtleeschtungen: Hochzaitsorganisatioun

Wedding planning an Lëtzebuerg an an da Lorraine

LoveYourDay ass Ären Verbündeten wann et em d’Organisatioun vun Ärer Hochzäit geet. Mir sinn do fir Iech ze leeden an ze begleeden, fir Iech ze beroden an och fir fir Iech ze verhandelen an fir Iech Zäit ze spueren.

Notre travail commence par une écoute très attentive de vos souhaits, afin qu’on puisse les analyser et vous apporter des solutions appropriés.

Eis Aarbecht fänkt domat un dat mir Är Wënsch opmierksam nolauschteren domat mir se beschtméiglechst analyséieren kennen an sou déi am beschten adaptéiert Léisungen sichen kennen.

Mir sinn net do fir Iech eppes opzeschwätzen mais fir Iech ze hëllefen Är Dramhochzäit op d’Been ze stellen. An eiser 100 %- op- d’Mooss-Demarche sinn mir ëmmer do fir Iech ze inspiréieren awer Dir bleift ëmmer den Eenzegen deen Entscheedungen trëfft.

LoveYourDay plangt Är Hochzäit esou dat Dir um Dag D just Ären Emotiounen musst freie Laf loossen !

Hei ënnendrënner fannt Dir eng Lëscht mat Beispiller vun den haaptsächlechen Missiounen déi mir Iech ubidden :

  • Opstellung vun engem viraussiichtlechen Budget, Suivi vum Budget, Berodung zur optimaler Benotzung vun Ärem Budget,
  • Hëllef bei da Virbereedung vun da Zeremonie (zivil oder reliéis),
  • Virbereedung vun Ärer symbolescher Zeremonie,
  • Sich no da Platz fir den Ëmfang an Begleedung bei da Besichtegung vun verschiddenen Hochzaitslocations,
  • Sich an Empfehlung vun de passenden Fournisseuren : traiteur, mise en beauté, Blummenhändler, Fotograf, Filmograf, DJ, Museker, Kënschtler, Miwwelslocatioun an Equipement fir Toun an Luucht asw.
  • Verhandlungen mat de Fournisseuren, Iwwerpréiwen vun de Kontrakter,
  • Bestëmmung vun der gewënschter Ambiance : Wiel vum Thema, Dekoratioun an d’Papeterie,
  • Virbereedung an Kommunikatioun vum Dagesoflaf un d’Prestatairen
  • Portiersservice: Hëllef bei da Reservatioun vun Zëmmeren wann néideg
  • Iwwerwaachung vum Opbau an Ofbau vun den verschiddenen Platzen (Zeremonie, Aperitif, Empfang)
  • Unbrengung vun da Décoratioun
  • Koordinatioun vun den Prestatairen hirer Aarbecht den Dag D

Wat kann LoveYourDay Iech bréngen?

  • Zäit an soumat Rou: verloosst Iech op en qualifizéierten an vertrauenswierdegen Professionellen
  • Opmierksam nolauschteren an Virschléi maachen : mir inspiréieren Iech ouni Iech eppes opzezwéngen
  • Eng Auswiel un aussergewéinlechen Empfangsplazen : Mir fannen een Sall deen bei Iech passt !
  • Sich no de Prestatairen déi Är Wënsch respektéieren an hir Aarbecht Iech upassen : Mir éviteiren onpersonaliséiert Servicer
  • D’Qualitéit vum Service vun all Prestataire gëtt maximeiert well mir detailléiert mat hinnen zesummen plangen

Mir bidden Iech verschidden Forfaits un déi divers Prestatiounen abegräifen an op verschidden Wënsch aginn. Et ass un Iech ze entscheeden weieng Formell Iech am Meeschten zouseet.

© Photo: Ian Holmes


À propos

Hochzaitsorganisatrice mat onbegrenzten Ideen  ℘  ” Moien! Ech heeschen Katia, ech sinn 34 Joer jonk an ech sinn d’Grënnerin vun LoveYourDay, eng Agence déi sech mat Hochzäitsorganisatioun an Lëtzebuerg an an da Lorraine beschäftegt. Säit[…]

Empfang

Dir bestuet Iech ? Eis häerzlechst Gléckwënsch !   Wëllkomm bei LoveYourDay, den Hochzaitsorganisateuren fir Lëtzebuerg !   Mir vun LoveYourDay fannen dat d’Hochzäit een vun de schéinste Projet’en ass, deen een als Koppel kann[…]