Empfang

Dir bestuet Iech ? Eis häerzlechst Gléckwënsch !

 

Wëllkomm bei LoveYourDay, den Hochzaitsorganisateuren fir Lëtzebuerg !

 

Mir vun LoveYourDay fannen dat d’Hochzäit een vun de schéinste Projet’en ass, deen een als Koppel kann ëmsetzen. Mir bemeihen eis drëm d’Preparatiounen esou wei och den Dag vun Ärer Hochzäit esou ze gestalten, dat et en onvergiesslecht Erliefnis ouni onnëtzen Stress an Ausgaben gëtt.

 

Eis Agence évenementielle këmmert sech em déi komplett Organisatioun vun Ärer Hochzäit. Wann Dir awer wëllt Är Hochzäit selwer plangen, dann schloen mir Iech e puer Rendez-vous fir wou mir Är Organisatioun emol zesummen mat Iech duerchginn oder mir sinn exklusiv den Dag vun Ärer Hochzäit dofir do d’Koordinatioun ze iwwerwaachen. Wat Dir Iech och virstellen sollt, mir wäerten ëmmer eist Bescht ginn fir Är Wënsch ze erfëllen.

 

Eisen Client’en opmierksam nolauschteren ass en Bestanddeel vun eiser Geschäftspolitik. Dëst erméiglecht eis Är Unsprech an Dreem ze verstoen an dorops hin dann Ären groussen Dag no Ären Wënsch ze gestalten.

 

Hutt Dir schonn ëmmer vun enger eleganter an klassescher Hochzäit gedreemt? Oder hat Dir eichter eng onkonventionell an aussergewéinlech Hochzäit am Kapp? LoveYourDay ass en begeeschterte an trotzdeem diskreten Partner wann et em d’Organisatioun vun Ärer Hochzäit geet.

 

Eis Evenementer sinn esou erfollegräich well mir ëmmer en oppent Ouer fir d’Wënsch vun eise Client’en hunn, mat d’Genauegkeet schaffen an d’Léift zum Detail bei eis ëmmer virrangeg ass.

© Photos: Encre Noire

À propos

Hochzaitsorganisatrice mat onbegrenzten Ideen  ℘  ” Moien! Ech heeschen Katia, ech sinn 34 Joer jonk an ech sinn d’Grënnerin vun LoveYourDay, eng Agence déi sech mat Hochzäitsorganisatioun an Lëtzebuerg an an da Lorraine beschäftegt. Säit[…]

Empfang

Dir bestuet Iech ? Eis häerzlechst Gléckwënsch !   Wëllkomm bei LoveYourDay, den Hochzaitsorganisateuren fir Lëtzebuerg !   Mir vun LoveYourDay fannen dat d’Hochzäit een vun de schéinste Projet’en ass, deen een als Koppel kann[…]