À propos

Hochzaitsorganisatrice mat onbegrenzten Ideen

 ℘

Katya Pregnancy-11 redim ” Moien! Ech heeschen Katia, ech sinn 34 Joer jonk an ech sinn d’Grënnerin vun LoveYourDay, eng Agence déi sech mat Hochzäitsorganisatioun an Lëtzebuerg an an da Lorraine beschäftegt.

Säit mëttlerweil 5 Joer ass et mir eng Freed mech an d’Liewen vun zukünftegen „Ehepaar“ anzemëschen fir si waerend da Ëmsetzung vun hiren Dreem ze begleeden an ze beroden.

Ech hunn dësen Beruff immens gär well en mir erméiglecht vill verschidden Koppelen kennen ze leieren, woubäi all Koppel eng eegen Geschicht ewéi eng eegen Perséinlechkeet huet. Fir mech ass all Hochzäit eng Experienz an eng nei Geschicht.

Befir ech mech entschloss hunn ganz als Hochzaitsorganisatrice ze schaffen, hunn ech op da „École de Commerce de Strasbourg“ en Master an da „Organisation d’événements“ gemaach. Dëst erméiglecht mir mengen Client’en qualitativ héichwäerteg Servicer unzebidden.

Ech sinn eng diplomatesch an kreative Persoun déi ëmmer op da Sich no neien Ideen an Konzepter ass domat ech souguer mengen Client’en hir usprochsvollst Wënsch kann erfëllen.

Ech fäerten och net mech mat de verschiddensten Aufgaben auserneen ze setzen, zum Beispill selwer eng Dekoratioun hierzestellen oder dëst um Internet unfaerdegen ze loossen.

Ech sinn gespaant Iech kennen ze leieren an mat da Preparatioun vun Ärer Hochzäit lasszeleeën.

Iech alles Guddes,

Katia

Photo ©  Instants Secrets Photography


J’AIME: Eng trei Frëndschaft, den « aussergewéinlechen Allerweltsherr », Trëppeltouren an de Calanquen vun Piana, eng Tiramisu, en häerzlecht Laachen, en Glas Rosé op enger Terrass zu Barcelona, elegant an dezent Schmockstécker….

JE N’AIME PAS: Ongerechtegkeeten, Banalitéiten, almoudesch Hochzäiten, Homophobie, Fluchhäfen, 30°C an da Stad….


Eis approche 

Op een elo eng standesamtlech Hochzäit, eng reliéis Hochzäit oder eng onreliéis Hochzäit feiert, et ass ëmmer en groussen Moment fir d’Bezeihung vun enger Koppel. Ass et net eng Méiglechkeet fir d’Zäit fir een Moment stallzehalen fir eng romantesch Geschicht ze realiséieren ? Eng Hochzäit ass och eng Occasioun fir Är Léifsten ronderëm Iech ze versammelen an mat hinnen dat ze deelen wat Iech Freed mëscht.

Eis Roll ass et Iech ze inspiréieren mais mir wäerten Iech zu kengem Moment eis Virstellungen operleeën. D’Geschicht vun Ärer Léift wäert also zu all Moment am Mëttelpunkt stoen. Mir hëllefen Iech gär beim Aussichen vun den passenden Prestatairen déi Iech nolauschteren, Iech verstinn an hir Servicer Ären Unsprech upassen.

D’Hochzäit ass en eenzegaartegen Evenement an Ärem Liewen, deen onvergiesslech soll bleiwen an un deen Dir Iech gären erënneren sollt wëllen. Et ass un Iech ze entscheeden op Dir léiwer eng traditionell oder eng onkonventionell Hochzäit wëllt, op den Empfang soll am klenge oder awer méi groussen Krees stattfannen. Är Hochzäit wäert ëmmer en Spigelbild vun Ärer Bezeihung sinn, en Evenement voller Freed gefëllt mat Emotiounen an Dreem.


Eise Glawen

All Moment vum Liewen schätzen, den Alldag verschéineren mat klenge Freeden an neien Entdeckungen. All Dag nei erfannen.


© Photo: Julien Scussel

À propos

Hochzaitsorganisatrice mat onbegrenzten Ideen  ℘  ” Moien! Ech heeschen Katia, ech sinn 34 Joer jonk an ech sinn d’Grënnerin vun LoveYourDay, eng Agence déi sech mat Hochzäitsorganisatioun an Lëtzebuerg an an da Lorraine beschäftegt. Säit[…]

Empfang

Dir bestuet Iech ? Eis häerzlechst Gléckwënsch !   Wëllkomm bei LoveYourDay, den Hochzaitsorganisateuren fir Lëtzebuerg !   Mir vun LoveYourDay fannen dat d’Hochzäit een vun de schéinste Projet’en ass, deen een als Koppel kann[…]